Thursday 26 April 2007

Ukommen a Schottland

Di Saach mat de Fliijeren ass jo sou, dass dat alles ze seier geet. Et kennt een dann och un ouni Probleem, an ech war sou frou fir zreck dass ech schon Deeg firdrun nit mi schlofe konnt, an ech war matt mengem ganzen Etre ‘poised’ wi dat joi su schein heescht op Englesch fir rem heihinner. Ech war benzich, well hei ass di Plaatz di mech an de leschte puer Joer vill geformt huet, an wou ech frou war. Fir d’eischt war ech einfach nemmen iwwerrascht an iwwerwaelticht vun all den Autoen hei, vun de Stroossen, dem groen Himmel, dem Granit. Nee wi propper ass et. Nee wat hun di all ee komeschen Accent wann se Englesch schwetzen. An si sin sou frendlich. Mee ech war gefaang an enger Art Nervositeit gekoppelt matt extremer Middichkeet, an ech war liicht desorienteiert vun dem Gejaitzs vun de Meiwen moies frei. 6 Auer moies, ech sin hellwaakrich, an ech konnt neischt iessen vun lauter Elektrisiteit. Firwat get et hell matzen an der Nuecht? Firwat reent et vun alle Seiten? Firwat hun ech emmer di falsch Kleeder un? Ei, d’Sonn hei pickt mech nit. Ech war dann och opgereecht fir jiddfereen hei ze gesin an normal Saachen ze maan, wi an de Kino ze goen an vleicht bei den Inder. Ech hun dat remfonnt wat ech vermesst hun, an d’Freijoer hei ass genial. D’Faarwen an d’Klorheet vun der Atmosphere am Norden hu mech wierklich bereiert.
No e puer Deeg Gefill wi Insomnia matt pickichen Aan an Nerven aus Chinapabeier sin ech dann elo ganz ukomm… an muss an 60 Stonnen rem meng Valisse paken.

2 comments:

Mecha said...

Witzeg wei sech d'Saachen verschieben... Dain normalt Liewen vun virdun ass elo Excitatioun an Freed, pur Exotik!
Op all Fall vill Gleck vun Leck un dech!!!
Mecha

Anonymous said...

Schniff schniff - welcome home. A vergiess net dech ze amueseiren!